Wir über uns

Electro-Nord: dat as äer Vertrauensadress fir elektrësch Installatiounen zu Housen. Ob fir de Neibau oder wann Dir transforméiert - de Frank Hieff a séng Equip vun 12 Mann stin iech hei mat Rod an Dod zur Säit.

Am Geschäft op der Nummer 49 vun der Haaptstrooss fannt Dir awer och engbreetgefächert Audio- an HiFi-Gamme, ënnert anerem an den ‘haut de gamme’s-Marken BOSE a Loewe. Och bei den Haushaltsgeräter as de Choix grouss, an och hei sin et Qualitéistmarken wéi BOSCH, Siemens, Miele, AEG oder Liebherr, déi Dir ugebuede kritt.

Electro-Nord proposéiert iech och professionellt Handwierkergeschiir, en hauseegene Reperaturservice an de Betrib as a Saachen Satelitten-TV vun Technisat certifiéiert.